YLA 2025 bis den 23. Januar 2026
19 December 2025

YLA 2025 bis den 23. Januar 2026

Kultur

About

Déi 3 Buschtawen Y/ L / A stinn zënter 2021 fir Young Luxembourgish Artists, net fir "why L.A." respektiv "firwat Los Angeles". Am Kontext vun der Luxembourg Art Week hunn d'Galeriste Lou Philipps a Gerard Valerius dës Plattform fir jonk Lëtzebuergesch Kënschtler:inne lancéiert, also fir Konscht, déi an hiren Ae villverspriechend ass, déi nach net hir Plaz op enger Konschtfoire huet, awer dach eng interessant Ergänzung dozou an enger Zort Off-Programm bidde kann. An doriwwer eraus? Déi 5. Editioun vun den YLA ass bis den 23. Januar 2026 ze gesinn. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau d'Lou Philipps, als Expo-Organisatrice a -Curatrice an eise Studio invitéiert.