Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Podcasts
Audiobooks
Bible
By Genre
By Location
By Language
Religious
Music
News
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
Radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
22 October 2026
South Park
Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
22 October 2026
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen
Virun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat...
22 October 2026
CinEast-Festival Kompetitioun (4)
Zwou Schwësteren zerstreiden sech ëm d'Ierfschaft an der kroatescher Drama-Komedie "Honey Bunny". An der georgescher Tragi-Komedie "Guria", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, geet et ëm déi chaotesch Sich vun engem Witmann no eng neier Fra. Kriticke vum Michel Delage a Valerija Berdi.
22 October 2026
Franziska Gänsler - ORCA
Wéi wäit geet een fir engem anere Mënsch ze gefalen a fir en net ze verléieren? E Coming-of-age Roman iwwer toxesch Frëndschaft an onbegrenzt Bereetschaft zu Gewalt ass der Franziska Gänsler hire Roman „Orca“, deen am Verlag Kein & Aber erauskomm an och op der Shortlëscht fir den däitsche Buchpräis stoung. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
21 October 2026
CinEast-Festival Kompetitioun (3)
D'Zwangssteriliséierunge vu Roma-Fraen an der deemooleger Tschechoslowakei ass de Sujet vun "Only beautiful things to look at". Aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen erzielt "Dua" déi politesch Kris Enn den 90er Joren an der fréierer südserbescher Provënz Kosovo.
21 October 2026
Prix Goncourt: "Le fabuleux piano" vun der Sonia Devillers
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht. “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an haut ass hie beim Marc Clement am Studio, fir Le fabuleux piano vun der Sonia Devillers ze beschwätzen.
21 October 2026
Festival du Film Italien zu Villerupt - Mon père, le héros...?
Iwwermuer Freideg, den 23. Oktober fänkt an eiser franséischer Nopeschstad Villerupt den 49. Festival du Film Italien un. A Kinossäll zu Villerupt, mee och zu Diddeleng an Esch gëtt d’Crème de la Crème vum neien - a vum alen - italienesche film gewisen, gefeiert, an natierlech a Competitioun gesat – well Festivalauszeechnungen décidéieren och, wéi eng Filmer um Enn distribuéiert ginn. Ee vun...
20 October 2026
“Shapes”: Dialog tëscht Konscht a Wëssenschaft
Dräiecker, Quadrater, Linnen...fënnt een iwwerall, sief et an der Natur, de Wëssenschaften oder der Konscht. Mee wat soen all di Formen iwwert d’Liewen, di Welt ronderëm eis aus? “Shapes – Beyond Geometry” ass eng nei Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an däer Wëssenschaft a Konscht matenee dialogéieren, fir de Visiteuren di subtil Logiken an Transformatiounsprozesser hannert de Forme méi...
20 October 2026
CinEast-Festival Kompetitioun (2)
Onsécherheeten an der Koppel, dat ass de Sujet, deen déi zwee Filmer vun haut verbënnt. De Michel Delage schwätzt iwwer den tschechesche Film "Everything as it should be" an de rumänesche Bäitrag "A Safe Place".
20 October 2026
Nei am Kino
De Michel Delage mat den neie Filmer déi dës Woch ulafené