
About
Nächsten Dënschdeg start den 79. Festival de Cannes mam Pierre Salvadori sengem “La vénus électrique” als Film d’Ouverture. Duerno geet ee Filmmarathon lass, dee wéineg Schlof, enorm vill Filmer a vill Gedold an Nerven an den deeglechen digitale Schlaangen um 07:00 moies mat sech bréngt De Marc Trappendreher, zanter dräi Joer treie Leidensakolyth, ass beim Jeff Schinker am Studio, an déi zwee ënnerhale sech iwwer méiglech Highlighte vun dëser Editioun.