
About
De Lëtzebuerger Museker Arthur Vinzent Clees huet am Mäerz "All of the Days That Go By", säin zweete Soloalbum, erausbruecht, op deem sech seng Talenter als Museker, Komponist a Produzent op engem eklekteschen Album mat spannenden Elektrosounds vereenen. De Museker, dee viru Kuerzem um 100,7 eng Aircheck Session mam Jazz Ensembel Jambal gespillt huet, war bei eis am Studio fir iwwer seng nei Plack ze schwätzen.