About
Dräiecker, Quadrater, Linnen...fënnt een iwwerall, sief et an der Natur, de Wëssenschaften oder der Konscht. Mee wat soen all di Formen iwwert d’Liewen, di Welt ronderëm eis aus? “Shapes – Beyond Geometry” ass eng nei Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an däer Wëssenschaft a Konscht matenee dialogéieren, fir de Visiteuren di subtil Logiken an Transformatiounsprozesser hannert de Forme méi gräifbar ze maachen. Di 24 Wierker vu 14 internationale Kënschtler:innen a Wëssenschaftler:innen si vu 4 Curatricen a Curateure selektionéiert ginn. Dat kléngt elo schonn nees komplex? Keng Angscht, d’Kerstin Thalau huet ENG Curatrice selektionéiert, fir iwwert d’Expo ze schwätzen: d’Anna Loporcaro.