Positive Bilan fir Arles 2025 a Pläng fir d’Zukunft
22 December 2025

Positive Bilan fir Arles 2025 a Pläng fir d’Zukunft

Kultur

About
Viru 55 Joer hunn de Fotograf Lucien Clergue, den Auteur Michel Tournier an den Historiker Jean-Maurice Rouquette d’Rencontres internationales de la Photographie d’Arles an d’Liewe geruff. Dëst fir am agreabele südfranséische Summer der Fotokonscht méi Unerkennung ze verschafen. Hir Pläng sinn opgaangen. Zanter 2017 engagéiert sech d’ASBL Lët’z Arles dofir, datt och Lëtzebuergesch Kënschtler:innen um, ewell renomméierte, Festival hir Plaz kréien. De leschte Summer huet, ënner anerem, d’Carine Krecké an der historescher Chapelle de la Charité ausgestallt an d’Marie Capesius hat eng länger Residenz zu Arles. D’Kerstin Thalau kuckt nach emol zeréck an och e bëssen no vir, also op Arles 2026.