About
Bis ufanks Oktober ass d’Foto-Expo “La nature d’Edward Steichen” um renomméierte Fotofestival “Les Rencontres d’Arles” ze gesinn. Direkt niewendrun presentéiert déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, hir kënschtleresch Reaktioun op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk mat enger Rauminstallatioun. D’New Yorkerin ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt, fir déi si heefeg, no akribesche Recherchen, Bildmaterial aus Archiver an anere Sammlungen op hir Manéier verschafft. D'Kerstin Thalau gouf vun der Lisa Oppenheim ënner anerem gewuer, firwat den Edward Steichen fir si ee vun de mysteriéiste Personnage vum 20. Joerhonnert war.