About
D’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt eng 7 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëschent 1855 an haut gemaach goufen. Dat mam Zil, d’Evolutioun vun der Stad, hiren Awunner:innen an Evenementer dokumentéieren ze kënnen. Fir hir Schätz mat der Ëffentlechkeet ze deelen, organiséiert d’Ekipp vun der Fotothéik am Summer traditionell eng Expo am Ratskeller vum Cercle Cité. “More than a postcard” ass déi aktuell Fotoausstellung iwwerschriwwen. An et ass e bësse manner bebaut Ëmwelt oder Vegetatioun ze gesi wéi soss: am Fokus stinn nämlech d’Touristen. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend an dem Christian Aschman vun der Fotothéik.