
About
Den éischte Juli feiert de Mudam e ronnen 30. Gebuertsdag. An dat soll, der Mudam-Ekipp no, am beschten dat ganzt Land matkréien. Dowéinst gouf virun enger Woch de Projet “Dodeka - zwielef Wierker fir zwielef Kantonen” lancéiert, nom Griicheschen “dôdeka”, wat eben “zwielef” bedeit. D’Sammlung vum Mudam ëmfaasst mëttlerweil gutt 800 Wierker; dovunner ass meeschtens just eng Selektioun ze gesinn. Fir “Dodeka” gouf de Mudam-Archiv opgemaach an no Aarbechte gesicht, déi éischtens schonn eng Zäitchen net méi ausgestallt waren, an zweetens bei lokal Muséeën, Bibliothéiken a Kulturhaiser queesch duerch Lëtzebuerg passe géifen. D’Presentatioun vum Projet war am Maacher Kulturhuef. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Kulturhuef-Coordinatrice Monika Jakobs