Skip to content
Opens in a new window
La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création
05 August 2026

La Concierge als Kuratorenteam fir déi sechst Triennale Jeune Création

Kultur

About
Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création: dëst als Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Bis Enn August gëtt momentan déi 6. Triennale ënner dem Titel “Common Ground” an de Rotondë gewisen. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen iwwerholl, mee den Duo Liliana Francisco a Steven Cruz, selwer nach jonk Kënschtler, déi virun dräi Joer de Kollektiv La Concierge gegrënnt hunn, fir mat Gruppeninitiativ fir d’Unerkennung vum Kënschtlerberuff ze kämpfen. De Steven Cruz an de Marc Scozzai vun de Rotonden hunn dem Kerstin Thalau verzielt, wéi si hire “Common Ground” fonnt hunn.