
About
Ënnert dem Titel "Storylines" si bis Enn Mee am ëffentlechen Espace zu Klierf eng hallef Dose Fotoexpoen ze gesinn. D'Curatrice Sandra Schwender wollt mat hirem Choix verbildlechen, wéi Fotoserië vum Liewen, vu Wandel an Emotiounen zielen, an datt se fir nei Geschichten an eise Käpp suerge kënnen. An der Chrëschtvakanz ware mir mat hier duerch d'Expo, dee Reportage fannt dir wéi gewinnt an eiser Mediathéik. Grad esou wéi den Interview mam iranesch-lëtzebuergesche Fotokënschtler a Realisateur Pasha Rafiy, dee bei de "Storylines" säi Kapitel "Birdwatcher" presentéiert. De Fotograf Olivier Schillen "watch"t dergéint fir säi Liewe gär Konscht. Seng Opnamen zu Klierf zeechnen e kritescht Bild vum Kulturtourismus. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Olivier Schillen.