Kresse 3 - Nei Single "Kassandra" a Scoop op Debutalbum
06 February 2026

Kresse 3 - Nei Single "Kassandra" a Scoop op Debutalbum

Kultur

About
De Pit Steffen ass deen eenzege Lëtzebuerger Member vun der Berliner Band Kresse 3, déi Aflëss aus Krautrock a Postpunk mat wäertvollem Textmaterial verbënnt. No engem EP mam schéinen Titel "Die Mutigen die schlafen", iwwert déi mir och hei um 100,7 bericht haten, an enger Partie Singles ass di villverspriechend Combo grad bei engem neie Label ënnerkomm a bréngt am Mee hiren Debut eraus: "Die Welt ist gestreckt".