
About
A "Von Wunden und Wundern" geet et iwwer d’Illusioun vum Wonner, dem erotesche Potential vun Tätowéierungen an d’Desillusioun vun enger zäitgenëssescher Koppel. D’Stéck vun der Sarah Kilter leeft am Kaleidoskop Theater a gëtt vun der Sara Goerres inzenéiert, déi mat de Schauspiller Rosalie Maes an Dominik Raneburger am Studio ass.