About
Déi 57. Editioun vun de Rencontres de la photo zu Arles ass mat “Des mondes à relire” iwwerschriwwen. Also mat enger Invitatioun, d’Aktualitéit oder wichteg Sujeten, mat Hëllef vun der Konschtfotografie, oppen an nei ze hannerfroen; respektiv d’Oeuvre vu confirméierte Kënschtler:innen anescht ze kucken. Déi Lëtzebuerger Fotografie ass, duerch den Engagement vun der ASBL Lët’z Arles, eng zéngte Kéier um renomméierte Festival present: eng alleréischte Kéier gi Fotoe vum lëtzebuergesch-amerikanesche Kënschtler a Curateur Edward Steichen gewisen. An zwar net déi bekannt Portraiten oder Moudfotografien, och net en Echantillon vun der “Family of Man”. D’Expo an der Fondatioun LUMA dréit den Titel “La nature d’Edward Steichen”. D’Kerstin Thalau war bei enger Visitt vum Expo-Commissaire Ruud Priem vun eisem Nationalmusée mat dobäi.