
About
Enn Abrëll bis Ufank Mee ass déi 17. Editioun vum Aralunaires, engem Festival, deen eis kleng Nopeschstad Arel an eng Spillplaz fir musikalesch Entdeckunge verwandelt.Den Aralunaires bitt eng grouss Varietéit u Formater a Plazen: Concerten a Säll, mee och Evenementer a méi urbanem oder esouguer ländleche Kader. Musikalesch ginn et Indie-Decouverten aus alle Beräicher, vun elektronesch iwwer Rock hin zu Jazz. Responsabel fir d’Programmatioun ass de Sebastien Cuvelier vun der benevoller Ekipp, déi all Joers dëse klenge Bijou organiséiert.