
About
Kaum huet een sech duerch déi iwwer 400 Bicher, déi am September de franséische Marché iwwerschwemmen, duerchgelies, steet am Frankräich schonn d’Wanterrentrée virun der Dir. Éiert de Jeff Schinker nächst Woch ufänkt, iech do seng Coups de coeuren ze verroden, komme mer nach eemol op e puer Bicher zeréck, déi (bal) vun de Jurye vergiess goufen. Bei "Les Dernières Écritures" vun der Hélène Zimmer, "Le monde est fatigué" vum Joseph Incardona an "La confrontation" vun der Clara-Dupont-Monod geet et ëm d’Zukunft vun der Mënschheet – an déi gesäit éischter donkel aus.