
About
D‘Tapisserie vu Bayeux an der Normandie ass eng Broderie, déi d‘Eruewerung vun den Englänner duerch d‘Normannen illustréiert. Se ass e wichtegt Konschtwierk aus der englesch-franséischer Geschicht. D‘Broderie soll elo fir ee Joer zu London ausgestallt ginn am Kader vum Rapprochement tëschent Frankräich a Groussbritannien. Mee a Frankräich gëtt et Widderstand. D’Claire Barthelemy mat Hannergrënn vu London