Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou
01 July 2026

Den 1. September mécht de Verlag Op der Lay seng Dieren zou

Kultur

About
No gutt 33 Joer mécht den 1. September Op der Lay seng Dieren zou. Wat bedeit dat fir d’Verlagswiesen zu Lëtzebuerg? Verstoppt sech hanner deem Eenzelfall e méi déiwen, strukturelle Problem? De Jeff Schinker hat Vertrieder vun Editiounshaiser, vum Kulturministère an Auteuren an de Studio invitéiert, fir de Sujet ze verdéiwen. An enger Zort Introduktioun hat d’Ronn en Etat des lieux gemaach, duerno déi verschidden national Verlagsmodeller a Subventiounen an och d’Visibilitéit an d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerger Literatur zu Lëtzebuerg, par rapport zum Ausland, diskutéiert. An engem leschten Deel geet et ëm Distributioun vu Lëtzebuerger Literatur. De Jeff Schinker am Gespréich mat den Editeuren Anne-Marie Reuter plus Marc Binsfeld a Jo Kox vum Focuna.