
About
Ouschtervakanz: do ass et traditionell bei eis Büro méi eidel an och dobausse wierkt alles méi roueg. Vläicht den ideale Moment fir emol iwwer verschidden Hannergrondgeräischer nozedenken, déi eis soss esou am Alldag stéieren, zum Deel psychesch manipuléieren. D’Escher Konschthal proposéiert zu dësem Sujet d’Gruppenexpo “État bruit”. Wonschkandidat an Ausgangspunkt vun der Ausstellung waren den Nik Novak plus seng bombastesch Lautspriecher-Skulpturen. D’Kerstin Thalau hat Geleeënheet mam gebiertege Mainzer a Walberliner wärend dem Expo-Montage ze schwätzen.