
About
De Screaming Fields ass de Rockhal hiren Nowuessconcours, bei deem all Joer 8 jonk Museksprojeten e klenge Schubs de Bierg erop kréien. Dozou gehéiert op der Bün vum Rockhal Club ze spillen, wat den 11. Juli wäert sinn. Kuerz nom ausgewielt-ginn a guer net méi esou laang virum groussen Dag, war de Marc Clement an der Rockhal an huet Impressioune bei deene jonke Bands a Museker:inne gesammelt. Wéi komme Jonker haut op d'Musek, a wéi eng Visioune verbannen si domat? Entdeckt ConFusion, Sousa, den Destiny Flexboy, d'Mici, de Steko, Friday Formal, Tears on Her Rings a The Environment.