Biennale Venedeg 2026
08 May 2026

Biennale Venedeg 2026

Kultur

About
Geschter gouf am Arsenale de lëtzebuergesche Pavillon ageweiht, investéiert vun der Kënschtlerin Aline Bouvy. Hiert Wierk “La Merde”, ee Film iwwert eng vermënschlecht Strull Kaka an eng Analys vu Schimmt an Ofstoussung an eiser Gesellschaft wéi och an eiser Psychologie hate mir gëschter hei op der Plaz virgestallt mat engem Gespréich mat der Kënschtlerin, dat dir an der Mediathéik op 100komma7.lu nolauschtere kënnt. An der Leitung hu mir elo eise Mataarbechter Marc Clement mat weideren Hannergrënn zu dëser politiséierter Biennale.