
About
Zanter dem Fréijoer, a bis an dat anert Joer eran, feiert de Casino, also de Forum fir déi zäitgenëssesch Konscht an der Ënneschtgaass, säin 30. Gebuertsdag. Dëst ënner dem Motto “Fora”, deemno Forum an der Meerzal. Den Echange ronderëm Entwécklungen an der Konscht gëtt an deem Kontext grouss geschriwwen. Vu muer u mat engem 2. Volet: dee Moment sti Performancen zum Theema “Retour au réel et au geste” um Gebuertsdagsprogramm, mee och Konferenzen, déi sech mat eisem Banneliewen, eisen Dreem an der Source vun der Kreativitéit beschäftegen. D’Kerstin Thalau huet sech fir haut emol mam Banneliewe vum Casino beschäftegt, mat deene Membere vun der Ekipp, déi net esou bekannt sinn.