
About
An hirem Film "Die Blutgräfin" léisst d'Ulrike Ottinger d'Isabelle Huppert eng bluttgäil Vampirin, ugeleent un d'historesch Figur vun der Elisabeth Báthory, spillen. Wisou dëst weder Biopic nach historeschen Drama ass, wat genee si um Genrekino interesséiert - a wéi si dorop koum, d'Lëtzebuerger Schauspiller André Jung a Marco Lorenzini ze casten - dat verréit déi avantgardistesch a feministesch Regisseurin am Interview, deen de Jeff Schinker mat hir zu Berlin geféiert huet.