#040 - Wee bass du wann sech alles verännert? (Interview mam Nena)
Zréck Zu Dir Podcast
Haut hunn ech d’Nena bei mir am Podcast an hat zielt seng ganz perséinlech Geschicht.
Wéi schnell sech am Liewen alles ka veränneren a naischt méi bleiwt wéi et war.
D’Nena huet ee Schlach hannert sech, huet een Deel vu senger Mémoire verluer an liewt mat da Diagnose Multiple Sklerose.
Mir schwätzen iwwert Angscht, Verloscht, Identitéit an d’Fro: Wie sinn ech eigentlech, wa main alt Liewen esou net méi existéiert?
Mir schwätzen doriwwer wéi d’Nena zréck a seng Kraft fonnt huet a wéi aus allem Neies entstan ass - seng Leidenschaft zum Schreiwen.
Et ass eng Folg iwwert d'Falen, d'Neiorientéieren an doriwer dass et heinsto keen zréck gëtt mee dass een sech ganz nei dierf endecken a kenneléieren.
Ech wënschen esou vill Freed an Inspiratioun bei dësem Gespréich.
Kuck mol beim Nena lanscht op Instagram @nenaalicestewart
Dai Bonnie