Um Nopeschfest (A2)
21 April 2026

Um Nopeschfest (A2)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript

A: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd. 

M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen. 

C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen. 

A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei. 

C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit. 

M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco. 

C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert. 

M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed. 

A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen. 

C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued. 

M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart. 

A: Jo, dat ass richteg! D’lescht Joer hu mir mat der Residence vis-à-vis e grousst Grillfest organiséiert. 

C: Wow, dat kléngt flott! Ech grille ganz gär. A propos Iessen, wat ass dat hei? 

M: Dat sinn Arancini. Meng Fra huet déi gemaach. Wëlls du ee schmaachen? 

C: Jo, gär! Merci. Mmh, déi si ganz gutt ! 

A: Ech hunn eng klassesch Nuddelszalot gemaach. Déi steet do hannen um Dësch. 

C: O, ech iesse ganz gär Nuddelszalot. Ech ginn herno emol kucken. 

M: Vu wou kënns du eigentlech, Clara? 

C : Ech komme vun Tréier, mee ech schaffen zanter sechs Joer zu Lëtzebuerg. Ech hat keng Loscht méi, all Dag ze pendelen, dofir hunn ech decidéiert, an d’Stad ze plënneren. 

A: Dat verstinn ech. Wou schaffs du dann? 

C: Ech schaffen an engem Architektebüro um Belair. 

M: O, interessant! Schaffs du all Dag um Büro, oder schaffs du och heiansdo vun doheem? 

C: Ech muss leider déi meescht Deeg op de Büro goen. Ech däerf just een Dag d’Woch vun doheem schaffen. 

A: Dat ass awer blöd. Mee ech verstinn dat. Ech si Proff an engem Lycée. 

C: Seriö? Wat fir Fächer gëss du dann? 

A: Däitsch a Geschicht. Et mécht mir Spaass, mee heiansdo ass et awer och stresseg. Dofir sinn ech frou, net wäit ewech vun der Schoul ze wunnen.  

M: Ech verstinn! Ech schaffen hei am Spidol an der Rezeptioun. 

C: Dat ass bestëmmt och stresseg, oder? 

M: Jo, besonnesch moies, wa vill Patiente gläichzäiteg kommen. 

A: Mee du bass ëmmer roueg a frëndlech. Dat ass bestëmmt wichteg op denger Aarbecht. 

C: Wat maacht dir da gär an ärer Fräizäit? 

A: Ech gi gär lafen an ech strécke gär. An du? 

C: Ech mole gär an treffe mech gär mat Frënn. Heiansdo ginn ech och an de Kino oder an den Theater. 

M: Ech spillen de Weekend oft Fussball mat Frënn. An ech kache gär. 

C: Seriö? Da muss du mir emol eng Kéier e Rezept ginn. Ech ka guer net gutt kachen! 

M: Natierlech! Ech kann dir och weisen, wéi een Arancini mécht. 

A: Dat wier dach eng flott Iddi fir dat nächst Nopeschfest: e Kachowend! 

C: O jo, dat fannen ech super! 

M: Mir kënne jo eng Lëscht maachen. Jidderee bréngt Ingrediente fir e Plat aus sengem Land oder senger Regioun mat. Da kache mir zesummen, an duerno schmaache mir alles zesummen. 

A: Gutt Iddi! Dann hu mir vill verschidde Saache fir z'iessen. 

C: Dat kléngt no engem flotten Owend. 

M: Kuck, do hanne spillt elo ee Gittar. Solle mir emol kucke goen?