
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Transportmëttel a Fürerschäin (A2)
A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ?
B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass.
A: O nee! Wat ass da geschitt?
B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen.
A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn?
B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer.
A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram.
B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin?
A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach.
B: Seriö? An, war den Exame schwéier?
A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall.
B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf?
A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn.
B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch.
A: Jo, dat huet mäi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt.
B: Super! Da waars de bestëmmt frou.
A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren.
B: Flott! Ech ka mech och nach u mäi Fürerschainsexamen erënneren. Ech hu mech deemools immens virbereet.
A: Hues du et direkt gepackt?
B : Jo, zum Gléck. Mee ech war och immens nervös.
A: A fiers du elo gär Auto?
B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht.
A: Wow, dat ass laang. Ech sinn d’lescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech ënnerwee liesen a Musek kucke konnt.
B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn d’Zich oft Retard.
A: O jo! D’lescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mäin Zuch Verspéidung hat.
B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt.
A: An et ass gutt fir d’Ëmwelt!
B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gär Vëlo. Dann ass et vill ze kal.
A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op d’Aarbecht ze fueren.
B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn.
A: Jo, dat stëmmt. Mee et ass awer praktesch, de Fürerschäin ze hunn.
B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhängeg.
A : Genee. Vläicht kafen ech mir d’nächst Joer och e klengen Auto.