Skip to content
Opens in a new window
Tipps an der Hëtztwell (A2)
29 July 2026

Tipps an der Hëtztwell (A2)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Tipps an der Hëtztwell 

A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee ! 

B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt. 

A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer! 

B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend. 

A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer. 

B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen. 

A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou. 

B: Wierklech? Firwat? 

A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill. 

B: Ok, dat stëmmt och erëm. 

A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och. 

B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro. 

A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch? 

B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi. 

A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch. 

B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech! 

A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken. 

B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass. 

A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser! 

B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten. 

A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass. 

B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ? 

A : Nee, guer net. Mir gi moies um 7 Auer an owes um 21 Auer spadséieren, an dotëscht loossen ech hie just kuerz op d’Wiss, fir datt hie säi Geschäft maache kann. Et muss een oppassen, wann een an därHëtzt mat Hënn eraus geet. Wann et iwwer 30 Grad sinn, huet de Buedem oft iwwer 50 Grad, an d’Hënn kënne sech hir Patte verbrennen! 

B: O mei, dat wousst ech net, mee dat mécht Sënn. Ech ginn och heiansdo owes spadséieren, mee wéi s du sees, eréischt no 21 Auer. Virdrun ass et nach ze waarm. 

A: A wéini gees du lafen? 

B: Jo, dat ass de Moment och net esou einfach. Ech gi léiwer moies wéi owes lafen. Dofir stinn ech e bësse méi fréi op. Um 7 Auer geet et meeschtens nach. 

A: Ech gi muer schwammen. Dat ass herrlech bei deem Wieder. 

B: O, flott! Wuer gees du dann an d’Schwämm? 

A: Op Gréiwemaacher. Do gëtt et eng oppe Schwämm fir Kanner mat enger Rutschban, awer och e Baseng fir Leit, déi richteg schwamme wëllen. Owes ass et do immens! 

B: Jo, dat gleewen ech. Vläicht ginn ech de Weekend mat de Kanner dohin. Mee et wäerte bestëmmt vill Leit do sinn. 

A: Jo. Et ass besser, du gees géint der Owend, also no 17 Auer. Dann ass net esou vill lass. 

B: Merci fir den Tipp! 

A: Gär! A so Bescheed, wann s de gees – vläicht gesi mer eis! 

B: Maachen ech!