
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.
Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript Rezept Geméiszopp
A: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden.
B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir?
A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt!
B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir?
A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt.
B: Ok. Wou sinn d’Saachen?
A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo.
B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären?
A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis.
B: Alles?
A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen?
B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden.
A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???).
B: Wat maache mir duerno?
A: Duerno brauche mir en Dëppen.
B: En Dëppe mat Waasser?
A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un.
B: Firwat?
A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma.
B: Ech verstinn.
A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm.
Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser.
B: Wéini kënnt de Geméisküb dran?
A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas.
B: Ok. Wéi vill?
A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen.
B: An dann?
A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi?
B: Jo, ganz gär!
A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg!
B: Mmm, ech freeë mech schonn drop!
A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin.
B: Platt Waasser, wannechgelift.
A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt.
B: Gären!
A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo.
B: Fänke mir un?
A: Jo!