E Studentenjob (A2)
27 May 2026

E Studentenjob (A2)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

E Studentenjob (A2)

A: Hey! Wéi geet et dir? 

B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir? 

A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen? 

B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob? 

A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad. 

B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee? 

A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire. 

B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren? 

A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach. 

B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann? 

A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll. 

B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du? 

A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht. 

B: Nee, dat ass wierklech gutt.  

A: Hues du schonn e CV geschriwwen? 

B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll. 

A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn. 

B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn. 

A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée. 

B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren. 

A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job. 

B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht? 

A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen. 

B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer. 

A: Wou wëlls du hifueren? 

B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona. 

A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer. 

B: Da muss ech séier e Job fannen! 

A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht. 

B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir. 

A: Ok, kee Problem. 

B: Merci awer fir deng Hëllef. 

A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält. 

B: Ech och!