Skip to content
Opens in a new window
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
29 September 2026

E Kannerzëmmer ariichten (B1)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

E Kannerzëmmer ariichten (B1)

Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz. 

Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten. 

Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt. 

Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt? 

Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen. 

Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft. 

Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch. 

Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi. 

Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer. 

Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen? 

Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen. 

Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass. 

Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do. 

Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht? 

Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder. 

Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen. 

Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull. 

Papp: E Stull fir hien oder fir eis?  

Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen.  

Papp: Brauche mir och eng Luucht? 

Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren. 

Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen. 

Mamm: Richteg.  

Papp: Wou solle mir d'Bett histellen? 

Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen. 

Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran. 

Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer. 

Papp: Dat ass eng besser Iddi. 

Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen. 

Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz. 

Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck. 

Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer. 

Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën. 

Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen. 

Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn? 

Papp: Blo! 

Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen. 

Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen. 

Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen.  

Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech? 

Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen. 

Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken. 

Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech. 

Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen? 

Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen. 

Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen. 

Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen. 

Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch. 

Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.