
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Den Dagesoflaf am Passé
A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter?
B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin?
A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du?
B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt.
A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk.
B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer.
A: Hues du kee Kaffi gedronk ?
B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du?
A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech.
B: Däi Moie kléngt vill méi relax wéi mäin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach?
A: Ech hunn op vill E-Maile geäntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess.
B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am Büro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet.
A: O, dat kléngt ustrengend. Wéi ass d’Presentatioun gelaf?
B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mäi Chef war zefridden.
A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bësse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bëssen d’Tëlee gekuckt.
B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert.
A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt?
B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir z’iesse preparéiert.
A: Wat hues du gekacht?
B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du?
A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg.
B: A wat hues du owes gemaach?
A: Ech hunn e bësse Lëtzebuergesch geléiert. Duerno hunn ech mech an d’Bett geluecht an hunn e Buch gelies.
B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof?
A: Ech hu géint 23 Auer d’Luucht ausgemaach a si séier ageschlof.
B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn.
A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mäin Dag lues unzefänken.