
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg?
Persoun B: Jo, dat ass richteg.
Persoun A: Wou schaffs du am Moment?
Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem.
Persoun A: A wat méchs du do am Alldag?
Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken.
Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit?
Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen.
Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft?
Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft.
Persoun A: A! Wat war dann do anescht?
Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi.
Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef?
Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach.
Persoun A: Wat heescht dat?
Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef.
Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach?
Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser.
Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit?
Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht.
Persoun A: Dat kléngt ganz interessant.
Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional.
Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem?
Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser.
Persoun A: Bass du och nach an der Schoul?
Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé.
Persoun A: Wat léiers du do?
Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet.
Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn?
Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer.
Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen?
Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen.
Persoun A: Interessant.
Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen.
Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg.
Persoun B: Jo, effektiv!
Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils.
Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt.