Tempo 30 an der Gemeng Leideleng: lokale Referendum dëse Sonndeg
10 October 2025

Tempo 30 an der Gemeng Leideleng: lokale Referendum dëse Sonndeg

Moiesstudio

About
Vun den 2.767 Awunner vu Leideleng kënnen dëse Sonndeg 1.328 Persoune beim lokale Referendum hir Stëmm ofginn.

Dobäi geet et ëm dës Fro: “Sidd Dir dofir, datt d’Vitesslimitt um Territoire vun der Gemeng Leideleng vu 50km/h op 30 m/h op allen Haaptstroosse bannent der Uertschaft an de kommende Joren erofgesat gëtt?”. De Buergermeeschter Lou Linster ass sech bewosst, datt dëse Virschlag eng “radikal Léisung” fir d’Verkéiersberouegung ass.