Séchere Schoulwee?
16 September 2025

Séchere Schoulwee?

Moiesstudio

About
Dir hutt et sécher scho gemierkt: moies gëtt et ëmmer méi spéit hell. Nodeems zanter gëschter d'Kanner nees an d'Schoul ginn, heescht et ënnerwee besonnesch gutt oppassen op d'Foussgänger an déi aner Participanten am ëffentleche Verkéier.
Heefeg ass et awer grad fir d'Foussgänger schwiereg sécher an d'Schoul oder op d'Aarbecht ze kommen.
Zu Suessem leie Spill- a Grondschoul op enger vun den Haaptaxen, déi duerch d'Duerf féieren, an de Wee dohinner ass net ongeféierlech. D'Paule Rodesch ass fir eis mam Pedibus an der Gemeng ënnerwee, fir sech selwer e Bild dovun ze maachen a fir mat Responsabelen op der Plaz iwwer d'Problematik ze schwätzen.