
About
D’Schwangerschaft ass eng ganz besonnesch Zäit, fir eng Fra, fir eng Koppel, an där sech vill verännert an an där ee sech op eng nei Responsabilitéit am Liewe virbereet. Déi Verantwortung geet awer net eréischt bei der Gebuert un, och scho wärend der Schwangerschaft an esouguer virdrun, hunn eng Mamm an hire Partner en Afloss dorop, wéi d’Gesondheet sech vun hirem Puppelche wäert entwéckelen. Et ginn ëmmer méi Etuden doriwwer, datt d'Liewensgewunnechte wärend där Period kënnen zu der Entwécklung vun ADHS, Autismus, Léierschwieregkeeten an Entwécklungsstéierunge féieren. D’Dr. Ingrid Rollinger huet d'Resultater vun Honnerte Studien an hirem Buch "Schwangerschaftsjoker" zesummegedroen.