KI an der Medezin
07 October 2025

KI an der Medezin

Moiesstudio

About
D’Kënschtlech Intelligenz schläicht sech no an no an all Liewensberäicher eran. Deels ass dat ganz ëmstridden, wann zum Beispill d’KI op eemol d’Frënn ersetzt, oder d’Hausaufgabe schreift. Mee se kann awer och d’Aarbecht a ville Beruffssparten erliichteren a beräicheren. Zum Beispill och an der Medezin. Haut a muer (6. a 7.10.) ass déi drëtt Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. Theema do sinn d’Chancen an d’Erausfuerderungen, déi duerch d’Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetswiesen entstinn. D'Paule Rodesch huet den Organisateur - d'Spidolsfederatioun FHL - a Lëtzebuerger Startuppen aus dem Secteur am Gespréich.