zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Moiesstudio
News
Luxembourgish
Besser informéiert an den Dag
Website
Episodes
50
07 November 2025
Digitalradio: Vun elo u sinn och Lëtzebuerger Sender ze empfängen
D'Testphas vum DAB+ huet gëschter ugefaangen. Mir froen eisen Direkter Jean-Lou Siweck, wéi et elo virugeet.
5 min
07 November 2025
Videospiller: wéi vill ass ze vill?
"Fortnite", "Minecraft", "Call of Duty" - alles problematesch? Sinn edukativ Games automatesch besser? A vu wéini u schwätzt ee vun exzessivem Verhalen? Froen un de Brice Clocher. Den Informatiker an Entwéckler gëtt reegelméisseg Workshoppe ronderëm d'Theema Videospiller.
9 min
07 November 2025
Neie System fir d'Grenzkontrollen um Findel
Um Findel funktionéiert zënter bal véier Wochen deen neie Grenzkontrollsystem fir d’An- an d’Ausrees vun Drëttstaatler am Schengenraum ze erfaassen. Dësen Entry-Exit-System (EES) gouf den 12. Oktober op alle Baussegrenze vun der Schengenzon lancéiert.Mam neie System kontrolléiert ginn d’Bierger:innen aus Drëttstaaten, déi fir ee kuerzen Openthalt an de Schengenraum reesen.
4 min
07 November 2025
Wat maache géint de Wanterblues?
Mir froen d'Jessica Levy, Psychologin bei SOS Détresse.
6 min
07 November 2025
Am Sudan leiden zéngdausende Leit un Honger
Mir hu mat der Unicef iwwer d'Situatioun op der Plaz geschwat.
3 min
07 November 2025
Eventtipp: Paralympic Day
Vu muer de Moien 10 Auer u geet et am Rehazenter hei um Kierchbierg ëm de paralympesche Sport.
3 min
06 November 2025
"Schwangerschaftsjoker"
D’Schwangerschaft ass eng ganz besonnesch Zäit, fir eng Fra, fir eng Koppel, an där sech vill verännert an an där ee sech op eng nei Responsabilitéit am Liewe virbereet. Déi Verantwortung geet awer net eréischt bei der Gebuert un, och scho wärend der Schwangerschaft an esouguer virdrun, hunn eng Mamm an hire Partner en Afloss dorop, wéi d’Gesondheet sech vun hirem Puppelche wäert entwéckelen. Et...
12 min
06 November 2025
Nom Brand am Gemengenhaus zu Jonglënster: Eenegung mat den Assurancen
De Knuet hätt sech elo geléist, esou de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries. Hien hofft, datt d’Bauaarbechten am Hierscht 2026 kënnen ufänken, an datt den Erëmopbau vum Gemengenhaus Enn 2028 wäert fäerdeg sinn.D’Käschte vum Schued léiche bei geschate ronn siwe Milliounen Euro. Déi genee Zomm wäert sech eréischt duerch d’Ausschreiwunge fir den Erëmopbau erausstellen.D’Feier de 26. Januar 2024...
3 min
06 November 2025
D'USA erliewe grad dee längste Shutdown an hirer Geschicht
Eise Korrespondent Philipp Crowther erkläert, wéi eng Auswierkungen et huet, datt d'Republikaner an d'Demokrate sech nach ëmmer net iwwer den amerikanesche Staatsbudget eens sinn.
3 min
06 November 2025
Wann d'Police op e Kaffi aluet ...
D’Police wëllt méi no un de Bierger:inne sinn an huet sech dofir eppes afale gelooss: D’Formule “Op e Kaffi mat der Police”.
3 min