Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Podcasts
Audiobooks
Bible
By Genre
By Location
By Language
Religious
Music
News
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Sexuality
Relationships
Luxembourgish
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Website
Episodes
Episodes
205
16 October 2026
#199 Op sech eleng gestallt – Sexualitéit virun der éischte Kéier
Schonn iert mir déi éischte Kéier mat enger anerer Persoun Sex hunn, hu mir eng Sexualitéit. D*e Robin an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi déi Zäit fir si ausgesinn huet: Dat bedeit engersäits Masturbatiounstipps aus der Bravo, Pornoen an Hentaien mat Kolleg*innen kucken an erotesche Begéinunge mat Uebst a Geméis, mä anerersäits awer och eng Zäit vun Allengsinn a Verlaangeren, déi...
35 min
09 October 2026
Rubrik – Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill?
Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach. Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren. Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een. Ze vill? Ze oft? Dorëm geet et an dëser Rubrik.
5 min
02 October 2026
#198: Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol
Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d'Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol - souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop...
44 min
25 September 2026
Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen
An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together") huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi's du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt! Weiderféierend:–...
5 min
18 September 2026
#197: Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen
Ob een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet - a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media...
50 min
10 July 2026
#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun
Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op...
56 min
26 June 2026
#195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit)
Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou...
51 min
12 June 2026
#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?
Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net...
41 min
29 May 2026
#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen
Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung...
46 min
15 May 2026
#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben
Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi...
50 min