zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Sexuality
Relationships
Luxembourgish
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Website
Episodes
166
03 October 2025
#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash
Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d'Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D'Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash...
42 min
19 September 2025
#175: Omnomnom – Eating Out
De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um...
47 min
05 September 2025
#174: Herzschmerz am Jugendzëmmer – Éischt Trennungen
E neie September, eng nei Méi Wéi Sex Staffel! A wat kéint besser sinn fir dës aacht Staffel ze feieren wéi iwwer eisem team hir éischt Trennungen ze schwätzen! Kelly, de Joël, den Elie, d*e Robin an d'Ella schwätzen vun hiren éischte Kéieren mamm Schluss maachen a Schluss gemaach ginn, a wat hinnen gehollef huet (oder och net) fir mat dene Situatioune besser ëm ze goen. An der Rubrik stellt...
46 min
22 August 2025
#173: Summer Book Club: Judith Butler – Who’s Afraid of Gender
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who's Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d'Rechter d’Fräiheeten, an...
8 min
08 August 2025
#172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We’re Briefly Gorgeous
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm dem Schrëftsteller seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver...
8 min
25 July 2025
#171: Summer Book Club: Renske Diks – Queens of Beirut
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen...
9 min
11 July 2025
#170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies...
6 min
27 June 2025
#169: Manner ass Méi – Broschtverklengerung
Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess.An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.
51 min
13 June 2025
#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands
Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn.An der Rubrik schwätzt...
42 min
30 May 2025
167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?
Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d’Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd’Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche...
53 min