Skip to content
Opens in a new window
Zeltgepëspers #17 - Blå oder Rød?
01 September 2026

Zeltgepëspers #17 - Blå oder Rød?

LGS Zeltgepëspers

About

An dëser 17. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir ennert anerem d’Nathalie, d‘Sophie an de Bossche bei eis op Besuch. Déi dräi ware Campchef vum nationale CaraPio Camp, Blårød, deen dest Joer an Dänemark stattfonnt huet. Si hunn eis erklärt wéi et dozou koum, dass si Campchef gi sinn, wat alles esou zur Organisatioun dozou gehéiert huet an dann zu gudder Lescht och, wéi de Camp verlaf ass.

Mir haten awer net nemmen d’Campchef am Podcast, mee och d’CaraPio selwer, déi am Kader vun engem Atelier um Camp hier Iddie konnte mat abréngen a selwer en Deel vum Podcast konnten ophuelen. Dës Episod ass voller spannender Geschichten an Erzielunge vum nationale CaraPio Camp a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier wësse wollt wéi esou e grousse Camp op d‘Been gestallt gëtt.


Am Ausbléck schwätze mer iwwert de Kongress an de Chefdag, déi dëst Joer den 20. September stattfannen. Et ass och erem esou wäit an et gëtt en neit Team, respektiv en neien Conseil d‘administration, gewielt. Umelde kennt dir iech ennert folgendem Link: https://chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress/


De Wisefestival vun den Eschduerfer Guiden a Scoute steet virun der Diir! Si feieren dest Joer hiere 25. Gebuertsdag an dofir gëtt et den 12. September zu Eschduerf vill ze erliewen. Hei fannt dir hei all d‘Informatiounen zum Wisefestival: https://www.wisefestival.lu



Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.


Mir freeën eis :)





Intro + Réckspigel (00:00)

Feldinerviews Deel 1 (05:37)

Campchef vum Blårød (16:37)

Feldinterviews Deel 2 (01:16:55)

Ausbléck + Outro (01:23:49)