An dëser 15. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir op zwee ganz speziellen Eventer ënnerwee. Den 23. Juni hate mir d'Chance fir am Sënn vum Nationalfeierdag op der Receptioun an der Philharmonie dobäi gewiescht ze sinn. Mat eisem Mikro hu mir eis do op d'Sich no anere Guiden a Scoute gemaach a konnten niewebäi nach e puer Gespréicher mat ganz spannende Perséinlechkeeten afänken.
Den 29. Juni hate mir d'Éier als Podcast-Ekipp op der Gaardeparty vun eisem Chefscout, dem Grand-Duc Guillaume dobäi gewiescht ze sinn. Och hei hu mir probéiert iech e puer Andréck anzefänken, och wa sech dat op dësem Event als e bësse méi schwiereg erausgestallt huet. Villmools Merci dass mir un dësen zwee Eventer deelhuele konnten <3
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Nationalfeierdag an der Philharmonie (09:21)
Gaardeparty beim Grand-Duc (25:42)
Ausbléck + Outro (27:54)