Opens in a new window
Zeltgepëspers #12 - Duty to others: Zesumme Brécke bauen
01 April 2026

Zeltgepëspers #12 - Duty to others: Zesumme Brécke bauen

LGS Zeltgepëspers

About

An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg organiséieren a si hunn eis erzielt, wéi een als Lokale Grupp bei dësen Aktivitéite mathëllefe kann. Wann dir als lokale Grupp interesséiert sidd, eng Aktivitéit fir Scouts4Refugees ze organiséieren, Kichelcher ze baken, oder souguer an der Ekipp matzehëllefen, kënnt dir iech gäre per Mail op scouts4refugees@lgs.lu mellen.


Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.


Mir freeën eis :)




Intro + Réckspigel (00:00)

Interview mam Tun a Marc (03:35)

Feldinterviews (39:19)

Ausbléck + Outro (48:05)