Opens in a new window
Zeltgepëspers #11 - Staark wéi e Bam
01 March 2026

Zeltgepëspers #11 - Staark wéi e Bam

LGS Zeltgepëspers

About

An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem mam Georges Christen iwwer seng Zänndoktesch a seng ganz Optrëtter, déi hien iwwert d'Joren hat, mam Chris iwwer d'Zesummenaarbecht vun den LGS mam SNJ, mat verschiddene Participanten a Staff iwwer d'Odysseeën a mat ganz ville Kanner a Chef iwwert hir Highlights vum Thinking Day 2026.


Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)



Intro + Réckspigel (00:00)

Georges Christen (05:50)

Feldinterviews (21:09)

Chris vum SNJ (38:09)

Feldinterviews (45:21)

Odysseeën (55:26)

Ausbléck + Outro (01:12:32)