
An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat zertifizéiere loosse kann. Mam Sara vu Leideleng a mam Kevin vu Beetebuerg schwätze mir dann nach doriwwer, wéi de Mérite Jeunesse an der Praxis ausgesi kann a kréien domat e puer Ablécker an hier Expeditioun an Engagementer.
Wann iech d'Thema Mérite Jeunesse interesséiert an dir motivéiert sidd fir matzemaache kennt dir iech ganz gäre per Mail direkt beim Roxane Fijean (roxane.fijean@lgs.lu) oder op merite@lgs.lu mellen.
Kontakt fir de Simply Scouting:
roxane.fijean@lgs.lu
tom.lahr@lgs.lu
All d'Informatioune fir de Wanterhike vun de Réimecher CaraPio fannt dir am Discord vun der Regionalekipp CaraPio Süden.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Mérite Jeunesse (02:27)
Ausbléck + Outro (33:55)