Zeltgepëspers #08 - D'Zukunft gehéiert eis
01 December 2025

Zeltgepëspers #08 - D'Zukunft gehéiert eis

LGS Zeltgepëspers

About

An dëser 8. Episod vum LGS Zeltgepëspers tauche mir eng Kéier e bëssi méi déif an d'Thema Participatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an. Zesumme mam Tom Ketter vum ZpB schwätze mir iwwer déi verschidde Piliere vu Participatioun, wéi ee Kanner a Jugendlecher sënnvoll matbestëmme loosse kann a wat fir Virdeeler aus fréien Erfarunge mat Participatioun entstinn. No dëser méi theoretescher Aféierung an d'Thema schwätze mir dono mam Julie vun Ettelbréck iwwer seng Erfarunge mam Mini-Grupperot a kucken eis u wéi Participatioun bei hinnen am Grupp gelieft gëtt.


Mir wënschen iech all ganz schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir héieren eis nees pünktlech mam Start vum Joer 2026.


Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)




Intro + Réckspigel (00:00)


Den Tom Ketter iwwer Participatioun (05:02)


D'Julie iwwert de Mini-Grupperot (43:14)


Ausbléck + Outro (54:14)