KI a Konscht: Kënschtler:innen hunn d'Wuert
26 November 2025

KI a Konscht: Kënschtler:innen hunn d'Wuert

Kultur

About
Eise Kulturminister Eric Thill wëllt sech verstäerkt fir eng mënschlech Kulturpolitik am digitalen Zäitalter asetzen. Fir hie kann déi Kënschtlech Intelligenz op kee Fall eisen Imaginär ersetzen, mee richteg agesat an duerch Richtlinnen encadréiert, e Katalysator si fir Ausdrocksméiglechkeeten an Innovatioun ze stimuléieren. Aus dësem Grond ass am Kulturministère e Wäissbuch fir e responsabelen an transparenten Ëmgang mat KI ausgeschafft ginn, a waren déi lescht thematesch Kulturassise ganz zum Theema vu "Kënschtler:innen a KI". D’lescht Woch hate mir Vertrieder vum Ministère zu dësem Sujet op Besuch am Studio, hei léisst de Marc Clement an d’Kerstin Thalau d'Kënschtler:inne selwer zu Wuert kommen.