
About
No enger scheinbarer Paus – déi a Wierklechkeet räich u kreativer Leeschtung war – mécht d'Nikki Ninja hire grousse Comeback mat der Single "Glacelidd", engem Virspill fir d'Verëffentlechung vun hirem neien Album "Vill Léift an Trallala", deen de 7. Juni erauskomme soll. D'Verëffentlechung fënnt am Neimënster statt. Héich Zait, de Pol Berlardi an d'Nicole Bausch auszefroen.