Jazz: Veda Bartringer - Risa and Shine
22 May 2026

Jazz: Veda Bartringer - Risa and Shine

Kultur

About
D’Veda Bartringer ass Jazz-Gittaristin a krut virun 2 Joer de Best Newcomer Luxembourg Music Award. Si huet dat, wat een eng kompositionnell Stëmm nennt, eppes Erëmerkennbares, dat sech entwéckelt. Op “Deep Space Adventure”, hirer éischter Plack mam Veda Bartringer Quartett, war dat schonns evident - op hirer neier Scheif, déi sech “Rise and Shine” nennt, steet nieft hirer Gittar nach eng ganz aner Instrumentegrupp op enger prominenter Plaz. Lauschtert emol.