
About
Fir den zéngte Gebuertsdag vun der ASBL Lët’z Arles hu sech hier Memberen eppes Besonnesches afale gelooss: si hunn di verschidden lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Sammlungen un een Dësch bruecht, fir gemeinsam d’Expo “La nature d’Edward Steichen” fir di renomméiert Rencontres de la photographie d’Arles 2026 op d’Been ze stellen. Dernieft huet di New Yorker Kënschtlerin a Chercheuse Lisa Oppenheim Steichen-Archiver besicht, fir op Basis vun hirem Material, an och fir Arles, eng zäitgenëssesch kënschtleresch Ausso zum Monsieur Steichen ze schafen. Gëschter hate mir iech d’Projete méi am Detail presentéiert: d’Aussoë fannt dir an eiser Mediathéik um Internet. Ma vu datt de Christoph Wiesner, zanter 2020 Direkter vun de Rencontres d’Arles, bei der Presentatioun dobäi war, wollt d’Kerstin Thalau vun him méi iwwert de ganze Festival gewuer ginn.