79. Festival de Cannes: Am Gespréich mam Stephen Korytko
21 May 2026

79. Festival de Cannes: Am Gespréich mam Stephen Korytko

Kultur

About
No "The Golden Record", sengem formal spannenden éischte Kuerzfilm, huet de jonke Regisseur Stephen Korytko mat "Dead Dad Girl" säin éischte Long métrage um Start. Am Film, deen eng Zort Hommage un US-amerikanesch College-Komedien aus den 90er ass, spillen ënnert anerem d’Sophie Mousel, de Philipe Thelen an de Luc Schiltz mat. De Stephen Korytko war mat senger Produktiounsfirma Samsa dëst Joer um Marché zu Cannes, wou et ënnert anerem dorëms goung, de Film wärend enger ganzer Rei Terminer ze pitchen an der Hoffnung, esou op international Distributeuren ze fannen. Tëschent zwee Terminer huet sech de Jeff Schinker mam jonke Realisateur getraff, fir méi iwwert de Film gewuer ze ginn an eraus ze fannen, wéi eng Opportunitéiten esou eng Präsens um Filmmarché eigentlech mat sech bréngen.